Biergerbühn 2021

© Ville d’Esch / Emile Hengen

Biergerbühn: Der Besuch der alten Dame

Spill mat, a gëff och du Deel vun engem Theaterstéck!

Du wollts schonn ëmmer Deel vun engem kreativen, gemeinschaftleche Prozess ginn?
Hues du Loscht mat professionelle Schauspiller*innen op der Bühn ze spillen?

Am Kader vun der Kulturhaaptstad Esch2022 sicht den Escher Theaterkollektiv ILL – Independent Little Lies, Bierger*inne fir d’Theaterstéck Der Besuch der alten Dame.

An Theaterateliere ginn d’Themen aus deem Stéck – Gerechtegkeet, Muechtstrukturen, Gläichberechtegung – behandelt a kënschtleresch ëmgesaat. Gëff och du Deel vun der Biergerbühn a mell dech un!

An Zesummenaarbecht mam Escher Theater gëtt am Oktober 2021 d’Stéck Der Besuch der alten Dame vum Friedrich Dürrenmatt gespillt:

Jiddereen*t ka matmaachen
Keng Virkenntnesser néideg

E kollektiven Theaterprojet vun Independent Little Lies – ILL, mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Esch, Esch 2022: European Capital of Culture 2022, dem Kulturministère, a Koproduktioun mam Escher Theater an Partnerschaft mat der Kulturfabrik.

Aschreiwungen: Contact + Inscriptions / biergerbuehn@ill.lu

Schauspill-Atelier: ausgebucht! Kostümgestaltung: nach Platze fräi!

E kollektiven Theaterprojet vun Independent Little Lies – ILL, mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Esch, Esch 2022: European Capital of Culture 2022, dem Kulturministère, a Koproduktioun mam Escher Theater a Partnerschaft mat der Kulturfabrik.

FR

Biergerbühn: Der Besuch der alten Dame

Rejoins l’équipe de notre spectacle !

As-tu envie de faire partie d’une création théâtrale ? Aimerais-tu monter sur scène avec des acteur.trice.s professionnel.le.s ?

Dans le cadre de la capitale européenne de la culture Esch22, le collectif de théâtre ILL – Independent Little Lies recherche des citoyen.ne.s pour son spectacle Der Besuch der alten Dame.

Les sujets centraux de la pièce tels que la justice, les structures de pouvoir ou encore l’égalité seront abordés au sein d’ateliers de théâtre hebdomadaires. Inscris-toi pour rejoindre l’aventure de cette nouvelle édition de la Biergerbühn !

En collaboration avec le Escher Theater, la pièce Der Besuch der alten Dame de Friedrich Dürrenmatt fêtera sa première en octobre 2021:

Tout le monde peut participer
Aucune expérience préalable n’est requise

Inscriptions : Contact + Inscriptions / biergerbuehn@ill.lu

Atelier de théâtre: complet! Création des costumes: places libres!

Un projet du collectif de théâtre Independent Little Lies réalisé avec le soutien de la Ville d’Esch-sur-Alzette, d’Esch 2022 : European Capital of Culture 2022 et du Ministère de la Culture, en coproduction avec le Escher Theater et en partenariat avec le Centre culturel Kulturfabrik d’Esch-sur-Alzette.